Noémie Thommes

Noémie
Thommes

diététicienne

5, rue Jean Hengen
L-5675 Burmerange

+352 621 637 287
thommnoe@pt.lu

Consultatiounen op Rendez-vous

Mäin Numm ass Noémie Thommes,

ech schaffen zanter 2014 hei zu Lëtzebuerg als Diététicienne.

Gutt Iessen ass meng Passioun, deemno ass et mir immens wichteg dass de Besuch bei der Diététicienne net mat Verbuet associéiert gëtt. Vill méi ass et d'Ziel zesummen ee Wee ze fanne wéi een eventuell Restriktiounen, déi duerch d'Gesondheet bedéngt sinn, an de Genoss vu guddem Iessen ënnert een Hutt kritt.

Haaptsächlech bidden ech Consultatiounen a folgenden Beräicher un:

  • Equilibréiert Ernährung fir de Mënsch bei gudder Gesondheet
  • Iwwergewiicht an Obésitéit
  • Herzkreeslaferkrankungen, erhéichte Blutdrock, Hypercholestérolämie,…
  • Diabetes, Prediabetes
  • Erkrankungen betreffend de Verdauungssystem
  • Zöliakie
  • Laktose- a Fruktoseintoleranz
  • Ongewollte Gewiichtsverloscht, Ënnerernährung
  • Niereninsuffizienz, Nieresteng
  • Enteral Ernährung
  • Duerch meng zousätzlech Formatioun an der Tabacologie bidden ech och Consultatiounen un fir eng gesond Ernährung an d'Reduzéiere vun enger Gewiichtszounam am Kontext vum Ophale mat Fëmmen.

Zéckt net fir no ze froen wann Dier eng Consultatioun braucht fir e Grond den hei net ernimmt ass.

D’Consultatiounen fir verschidden Erkrankungen kënnen zum Deel vun der Caisse nationale de santé rembourséiert ginn.
Méi Informatiounen fannt Dir op : www.andl.lu


  • Member bei der Association luxembourgeoise des diététiciens du Luxembourg
  • Member bei der Association luxembourgeoise des intolérants au gluten

Sproochen: lëtzebuergesch, franséisch, däitsch, englesch

Lag

Boermereng läit an der Gemeng Schengen, 5km vu Munneref an 10km vu Réimech ewech.